Change Edition

D'Kandidate vun der CSV presentéiere sech: Guy Cognioul

No de Presentatioun vun eisem Spëtzekandidat, fueren ech elo alphabetesch virun. Haut stellen ech de Guy Cognioul vir, aktuelle Conseiller zu Maacher:


Mäin Numm ass Guy Cognioul. Ech hu 47 Joer, si bestuet mam Martine Loos a Papp vum Pit a vum Sophie.

Ech schaffen als Economist an der„Inspection Générale des Finances” a sinn zënter dem Juli 2006 am Gemengerot. Duerch mäi Beruff an als Member vun der Finanzkommissioun kennen ech mech a Saache Finanzen aus a weess, wat et heescht, eng kohärent Finanzpolitik maachen, déi no Prioritéiten opgebaut ass.

Als Wënzer an als Member vun de „Caves des Vignerons“ Gréiwemaacher a vun der Ëmweltkommissioun hunn ech e staarke Bezuch zu isem Terroir an droen zum Erhale vun iser Kulturlandschaft bäi.

Besonnesch schätzen ech d’Beméie vun ise Wënzer a Baueren, fir duerch eng nohalteg Landwirtschaft „Produits du terroir“ unzebidden, och als Bäitrag zum Tourismus op der Musel.

Als President vun der lokaler Sektioun vun der „Croix Rouge“ erliewen ech, datt net jiddereen déi selwecht Chancen huet. Mir suergen derfir, datt iwwer d’Mammenhaus vun der „Croix Rouge“ Lëtzebuerg ka gehollef ginn.

Als Ausgläich gesitt der mech méi dacks mam Vëlo laanscht d’Musel fueren.