Change Edition

Concours "A vous de chanter": d'Muselfénkelcher iwwerzeegen de Jury an de Publikum

E Freideg, den 10 Juni 2011, hunn de Kannerchouer an de Jugendchouer "Muselfénkelcher" vu Gréiwemaacher un der Finale vum Concours "A vous de chanter" am Centre culturel et de Rencontre Abtei Neimënster, organiséiert vun der INECC (Institut européen du chant choral), deelgeholl. Nieft hinnen hate sech nach 8 aner Formatioune présentéiert: de Christmas Choir, Les Jeunes qui chantent du Conservatoire de Musique du Nord, Chorale solaire, Choeur des parents d'élèves de l'Ecole européenne, Ensemble vocal Euterpe, de Septimanerchouer vum Iechternacher Kolléisch, de Lallenger Kannerchouer an den Ensemble Adhoc.
Enner der perfekter Leedung vum Adely Urwald-Krier ass dem Jugendchouer de ganz grousse Coup gelongen. Mam Lidd "The Rhythm of Life", dat si mat grousser Präzisioun a Frëscht am struppevoll gefëllten "Agora" gesongen hunn, hu si vun dräi Präisser, déi ze vergi waren, der gläich zwee mat heem geholl. Et waren dat de Präis vum Jury vun der INECC an dee vum Publikum. Deemno war d'Freed grouss bäi de Muselfénkelcher, déi no "tobendem" Applaus hire "Rhythm of Life" eng zweete Kéier hunn dierfte virdroen.