Change Edition

Et gett geféiert bei der Musèk


D’Harmonie Gaasperech huet hiir 60. uerdentlech Generalversammlung ofgehalen.

Dëst Joër sinn erëm verdenschtvoll Muséker geéiërt gin

Den Jean Schammo hat d’Charge fir d’ Medaillen un d’Muséker ze verdeelen

Eng Kéiër vun der UGDA an eng Kéiër vun der UMVL

Geéiërt gouwen vun der UGDA

Martina Haak Bronzemedail fir 10 Joër

Silvia Ribeiro Insigne fir 5 Joër

Geéiërt gouwen vun der USMVL

Martina Haak Insigne fir 10 joër

Marianne Degregori ,Viviane Spilman an de Marcel Thiry, Bronzemedail fir 15 Joër

D’Aktivitéiten vun 2019 gouwen am Bild festgehalen a Form vun enger Powerpoint Presentatioun

déi vum Secretaire erstallt ginn ass.

D’Musék feiërt dëst Joër hiiren 60ten Anniversaire seit der Grennung am Joër 1960.

De Lionel Valeri erzielt iwert de Programm fir den Gala den 18. Abrëll 2020, dëst am Kader vum 60ten Anniversaire.

Et gett ee Concert vun de Superlativen. Et wärten ongeféier 90 Museker op der Bühn setzen.

Desen Ensembel setzt sech zesummen aus 3 Harmonien:

Harmonie Municipale Luxembourg-Gasperich

Harmonie Municipale Union de Corny (F)

Harmonie Intercommunale Vents d'Est Ennery (F)

Dat sinn déi 3 Museken wou eisen Chef Lionel Valeri Dirigent ass.

Desweideren trieden während desem Concert och nach eng etlech Solisten op mat un der Spetzt ee vun de 5 weltbeschten Euponium-Spiller, den Bastien Baumet. Nach dobai sinn den Lionel Legrand um Sax Alt an Sopran, den Mathieu Reinert op der Trompette, aus eise Reihen sinn och 2 Solistinen um Wierk, Cynthia Krummes en Silvia Ribeiro op der Querflütt ,an aus der Musek vun Corny den Luc Bringard um Sax Bariton.

Et gett natierlech och erem eng Brochure gemaach wou eis Solisten ausféierlech virgestallt ginn, an och en Historique vun eiser Musek vun de leschten 10 Joer