Change Edition

Steenzäit zu Uespelt. Konferenz an Expo.

Esou ëm 5100 viru Christus, géint d’Enn vum Mesolithicum, do war ee gréissert Areal tëschent Uespelt, Weiler, Haassel a Fëlschdref fest bewunnt. Esouwuel ee Weiler ewéi och een Uespelter Lokalhistoriker hunn hei eng Rei vun Artefakten aus deeër Zäit fonnt. Op Grond heivunner gouf, am Opdrag vun dem Centre National de Recherche Archéologique (CNRA) vum Ministère de la Culture, fir d’éischt 2012 eng geomagnéitesch Prospektioun iwwer dem Buedem gemaach, an dunn 2013 op zwou ausgewielt Fläche méi genee ënner dem Buedem selwer nogefuerscht.
Wéi all d‘Virbereedunge bis zu den Ausgruewungen ofgelaf sinn, a wat bei de Feldaarbechte selwer konkret gemaach a festgestallt ginn ass, dat wëll eis déi un deem Projet an éischter Linn implizéiert Fuerscherin, d’Madame Anne Hauzeur, Dokter an der Archeologie, op engem Konferenzowend alles genee erklären a verständlech illustréieren.
D’Geschichtsfrënn vun der Gemeng Fréiseng lueden zesumme mat der Société Préhistorique Luxembourgeoise (SPL) op dës Konferenz an, déi den 10 Oktober 2014 um 19:30 Auer zu Fréiseng an der ‚aler Gemeng‘ gehale gëtt. Dëst Gebai fannt der zu Fréiseng op der Lëtzebuergerstrooss, géintiwwer vun der Apdikt. Parkgeleeënheet gëtt et och géintiwwer vun der Kierch.
Fir déi Geleeënheet ass eng thematesch Ausstellung mat original steenzäitleche Keramikfragmenter an anerem deemolege Geschir aus Steen a Silex zesummegestallt ginn. An zwar weise mir, aus de Bestänn vun dem CNRA, wéi och aus privat Besëtz, eng Rei vun esou steenzäitlechen Artefakten, déi alleguerten op deem betraffenen Areal vun Haasssel a vun Uespelt fonnt si ginn.
D’Konferenz gëtt op franséisch gehalen. D‘Entrée ass fräi.