Change Edition

Corona, eng grouß Plo! E Gedicht.


Hei zu Lëtzebuerg ass d’ Loft zimmlech reng,

well Autoen fuere weider keng.

Et heescht all Dag „ Bleift doheem“,

wou soll een och hin, bei ween?

Enkele versuergen däerfe mer jo keng,

dofir bleiwe mer alt eleng.

Sou kritt ee vill geschafft am Haus,

raumen, wat ze vill ass, muss eraus.

Mä wouhin mam ganze Krom,

op de Recycling kann ee lo net gon.

Mä gemach ass gemach,

a muar ass nach en Dag.

Awer och am Gaart ass genuch ze dinn,

de Gäertner däerf am Moment net heihin.

D‘Onkraut wiist an et wiist,

bis et iwwer d‘Blimmercher spriist.

Sou gëtt et engem guer net baang,

well t‘huet een Aarbecht fir Woche laang.

An de Virus jo nach e bessi bleiwe soll,

huet jiddereen sech sécher vill virgeholl.

Mä hutt der mol schon driwwer nogeduet,

an dëser Zäit kréien d‘Leit enorm gespuert.

Kafe kann ee jo just fir z‘iessen a net méi,

a Suen brauch een och keng méi.

An der Täsch eng Plastikskaart,

déi funktionéiert souguer um Maart.

Weider bewegen ass och gutt fir d`Gesondheet,

a soulaang mir behalen nach e bessi Fräiheet,

gëtt et Aschrenkung fir Lafen a Vëlo keng,

awer net zu e puer, mä ganz eleng.

Loosst äis awer och deene Leit Merci soen,

déi musse souvill Stonne schaffe goen,

a sech Dag fir Dag fir äis ploen.

Alleguer zesumme kënne mer dat packen

wa mer äis behuelen an zesummerappen.

Mer sinn an enger koppeger Lag,

dofir maacht dat Bescht aus ärem Dag.

Da kann ee soen: Corona hin oder hier,

äis kënnt dee jiddefalls net bei d’Dier.


Léif Gréiss a bléift gesond!