Change Edition

Treffe vun der Famill Gonderinger- Hoffmann vu Bëschdref


Feelen: Laut Recherchen ass d‘Famill Gonderinger-Hoffmann virun 136 Joer gegrënnt ginn, wéi dat 28-jähregt Suzanne Hoffmann aus dem "Huef Haus" vu Kielen mat dem ee Joer méi jonke Georg Gonderinger op Bëschdref abestuet ginn ass. De Georg war ee vun 12 Kanner aus der Bëschdrefer Famill Gonderinger-Wiltgen an hat sech zwee Joer virdrun do am Duerf fir 4100 Frang en Haus kaf. Hei hu si eng Famill mat 4 Kanner gegrënnt an e Bauerebetrib geféiert.

Mat 13 Enkelen, 23 Urenkelen, 36 Ururenkelen a souguer 32 Urururenkelen kënnt d‘Famill mat de jeeweilege Partner op 158 Nokommen, wouvun der haut nach 119 liewen.

De leschte 7. Abrëll hu sech interesséiert Membere vun dëser grousser Famill zu Feelen am Hennesbau getraff. Do konnte si net nëmmen deen imposante Stammbam, mee och, op engem risegen Ecran, Fotoe vun hire Virfahre bestaunen.

Op dëser Feier, organiséiert vum Nic Etgen, haten déi méi Jonk d‘Geleeënheet sech eng éischte Kéier kennenzeléieren an déi Eeler Erënnerungen a Spiichte vu fréier erëm opliewen ze loossen.

Datt dëst flott Treffen net dat lescht wier, doriwwer ware se sech alleguer eens. (FOTOEN: CHAREL REISER)