Change Edition

Medaile fir d’Sängerinne vun der Chorale Ste Cécile Feelen.

E Sonndeg, 24. November, hunn d’Sänger an d’Sängerinne vun der Chorale Feelen zesumme mat der Chorale Mäerzeg mat enger feierlecher Mass d’Helleg Caecilia, d’Patréinesch vun der Kiirchemusek, de Sänger a Musikanten, gefeiert. Wéi et d’Traditioun am Veräin ass, gouf bei engem gemittleche Mëttegiesse weidergefeiert. An deem Kader goufen och 5 Sängerinne geéiert fir hiert laangjäreg Engagement am Veräin.

D’Mariette Thoma krut d’Insigne de Mérite fir 5 Joer ugespéngelt, dem Caroline Plekkepoel-Schütte, Anne Pletschette a Florence Poorters gouf d’Bronze Medail fir 10 Joer Aktivitéit iwwerreecht.

De Jeannot Wantz als Vertrieder vum Pius-Verband an de Fernand Etgen haten dann och déi grouss Freed déi Gëlle Medail fir 30 Joer am Service vum Gesank an der Chorale Feelen un d’Marie-Louise Kips-Melsen weider ze ginn. All d’Memberen hunn applaudéiert.