Change Edition

Generalversammlung mat Medailleniwwerreechung

Viru Kuerzem hat d'Feelener Musek ob hir Generalversammlung invitéiert. No der Begréissung huet de Secrétaire een Iwwerbléck ginn iwwert dat vergaangent Joer an d'Manifestatiounen fir d'Joer 2019 présentéiert. Den Highlight dierft de Gala-Concert sinn, deen Samsdes, den 16.Mäerz an der Sporthall stattfënnt. Nodeems traditionnell di fläissegst Musikanten mat deene meeschten Prouwebesich mat engem Cadeau belount goufen, koum dem Caissier säin positive Bericht. Zesumme mam Buergermeeschter Fernand Mergen huet den Vize President vun der UGDA, Raymond Peters dës Medaillen u folgend Musikanten iwwerreecht: Insigne Junior fir den André De Sousa Antunes, Marie Besenius, Emma Kalmes, Nikki Oesch a Sarah Stockreiser, Medaille fir 10 Joer un de Joé Kettel an Anna Mohr, Medaille fir 20 Joer un d'Mandy Mousel an Josiane Troes-Flick, Medaille fir 30 Joer un de Steve Fellens. Den Eirendirigent Jean-Marie Thein krut d'Medaille schon ob anerer Plaz a gouf zu Feelen nach mat engem Diplom fir 50 Joer ausgezeechent.