Change Edition

Gala Concert vun der Feelener Musik mat Tempo a Feier

Den Jugendensembel vun der Feelener Musék huet de Concert ugefang a nodeems un den verstuerwenen Eirepresident Marcel Thill erënnert gouf, hunn di 50 Musikanten ënnert der Direktioun vum Patrick Wilhelm d'Nolauschterer mat südamerikaneschen a spueneschen Melodien verwinnt. D'Sarah Kirchens huet op charmant Art a Weis moderéiert. Bei verschiddenen Stécker wéi "Huapango" an "El Camino Real" goufen d'Musikanten vun enger Harf begleet an am eegens fir de Concert zesummegesaten Stéck "Mashed Percussion" konnten déi 9 Percussionisten weisen, wat si net nëmmen mat Bengelen, mee och mat Basketsbäll drop hunn.