Change Edition

Di Feelener Senioren goufe geéiert


Feelen: Fir d’Senioren aus der Gemeng Feelen ass „d’Journée du Grand Âge“, een Dag vun der Begéinung, den sie bestëmmt a gudder Ërennerung behaale waerten. Traditiounsgeméiss, huet de Schäffen- a Gemengerot vu Feelen, hier Matbierger am Pensiounsalter, zesummen mat de Memberen vum lokalen Senioreveräin „Déi Jonk vu gëschter" an de Kulturzentrum Hennesbau invitéiert, fir a gemittlicher Atmosphäre verbonnen mat engem deftigen Festmenü, zesummen e puer agreabel Stonnen, ze verbrëngen. Ronn 105 Feelener Matbierger waren och dest Joer deser Invitatioun gaeren nokomm. No sengen Wëllkommensgréiss a Wieder vu Merci vum Buergermeeschter Fernand Mergen, konnten folgend Jubilaren e klenge Kado an Empfank huelen. Dat waren fir 70 Joer: Marie- Anne Welter- Heintzen, Jean Mathay, Marcelle Schwartz- Rodesch, Annette Linster- Mergen, Camille Braun, Nico Faber, Edméee Hansen- Konsbrück, Vivianne Reinartz- Krack, Josée Reding- Meninger, Liliane Schmit- Wennmacher, Mario Milano a Josi Bormann. Fir 75 Joer: Aloyse Ottelé, Anne Melsen- Polfer, Félix Antony a Yvette Schmit-Mackel. Fir 80 Joer: Alphonsine Goerens- Hawa, Norbert Steffen, Antonio Cuscito a Rudy Troes. Fir 85 Joer: Caecilia Jongmans a Francis Wagener. Fir 95 Joer: Léonie Philippe- Mergen a fir hir gëllen Hochzäit koumen d’Edmée Konsbrück mam Joseph Hansen mat schéinen Orchideen, zu Éieren. (CR) (Foto: Charles Reiser)