Change Edition

Veräinswanderung vum Fielser Cercle Pedestre

Wéi all Jor sou huet och dëst Jor de Fielser Wanderveräin hir Membren an "Helfer" op eng Wanderung invitéiert. Als Streck ass dëst Jor dem Veräin säin permanenten Wanderwee mat Départ zu Chrëschtnech bäim Golf eräus gesicht ginn. D'Wanderer konnten zwëschenter der méi schwéier Streck vun 11 km oder déi méi einfach vun 6 km wielen. Iwwer 30 Wanderer hu bäi nët dem beschte Wieder hir Wanderschong geschnallt a sinn duerch déi flott Mëllerdallregioun gewandert. Als Ofschloss stung dat gesellegt Zesummesinn am Restaurant vum Golf op der Dagesuerdnung. (Foto ass vun de Wanderer vun der 11km Streck)