Change Edition

Konveniat vun der Amicale vun der fréierer Fielser Oberprimärschoul

Fiels - Konveniat. Viru kuerzem hate sech ronn 20 Schüler vun der deemoleger bescht bekannter « Fielser Oberprimärschoul » zesummefonnt, fir e gemittlechen Dag mateneen ze verbréngen. Dëse Konveniat war organiséiert gi vum Aloyse Jacob, vum Roland Miny a vum Norbert Clemen. D’Mëttegiesse war am Restaurant A Guddesch zu Biereng, wou bei flotten an amusante Geschichten an Anekdoten aus der Schoulzäit de Mëtteg fir d’Schüler vun der « Fielser Oberprimärschoul » ganz séier erëm gaangen ass.