Change Edition

Generlvesammlung mat "Village Fleuri" vun der Amis de la Fleur Fiels/Iernzen

Fiels. De President Walter Visser huet viru kuerzem d’Gäscht vun der Generalversammlung am Centre Culturel begréisst, mat ë.a. vun Dankeswieder an ee warmen Appel un nei Comitésmember gemach. Am Moment ziele mir nach 95 Member vum Veräin, déi all Joers bëssen ofhuelen. An der Gedenkminutt fir déi verstuerwe Memberen am Laf vum Joer, huet de President der Mme Ketty Schanen-Schmit ee spezielle Merci ausgedrékt, fir hir lang Memberschaft am Comité a fir hir weider Hëllef och nach duerno op de Blummemäärt. 2017 war ee gutt gefëllten Joer vun der Amis de la fleur, sou war et am Bericht vun der Sekretärin Carine Schanen-Schmitz ze héieren. Ee gutt besichtend Spaghettisfest am Januar, d‘Generalversammlung am Februar, vertrueden an der Regionalversammlung vun der Liga am März, am Mee den traditionellen Fréijoers-Blummemaart. De Jury vum Concours „Village Fleuri“ huet am Juli, den Tour mam Auto duerch d’Fiels an Iernzen gemach. Am September ware mir 2 Deeg an den Elsass: op Baccarat (Kristallmusée), eng Stadronnfahrt duerch Colamr mam Zichelchen, zu Gérardmer (Iwernuechtung), deen aaneren Dag, un enger mega Zaubershow am Palace zu Kirrwiller deelgeholl. Am Oktober hate mir eisen Hierscht/Allerhelljen-Blummemmaart organiséiert. 2018 ass de Fréijoers-Blummemaart den 05. Mee an den Hierscht/Allerhelljen-Blummemaart den 17. Oktober. Den Ausfluch mache mir den 21.+22. September op Maastricht an op Fleuramour (fir méi Informationen dozou, kritt dir gären um 621 216033). D’Josée Visser-Fah konnt eis Keess mat engem Boni ofschléissen, an dat konnten d’Andrée Wies-Kirschten an den Fred Berchem bestätegen. D’Buergermeeschtesch Mme Natalie Silva an den Här Roger Baulesch (Delegéierten) vun der Liga hunn an hirer Ried passend Wierder fond, an eis Courage gewënscht fir nach vill Joeren am Veräin mat zewierken. De Comité besteet aus folgende Leit: President Walter Vissser, Sekretärin Carine Schanen-Schmitz, Keessière Josée Visser-Fah, weider Memberen sinn: Mariette Krier-Binsfeld, Carine Gratia a Paul Turpel. No der Generalversammlung goufen d’Gewënner vum „Village Fleuri“ de Punkten no opgeruff an kruten ee BlummeBong iwerreescht. Aus der Fiels waren dat: Famill: Joao Da Costa-Caldas, Nico Dhamen-Kalkus, Judson Musselmann, Modesto Pacheco, Mme Lydie Penez, den Här Marc Nicolay an den Hôtel du Château. Vun Iernzen waren dat: Mme Marina Plier-Wies, Mme Eliane Sprunck an d‘Famill Charles Collart-Demerisse. Eis Gärtnerin mat deenen 2 Gärtneren vun der Gemeng kruten je eng Këscht Knippercher als Merci fir hir vill Aarbecht un de Blummebeeter a Verschéieneren vun de Gemengegebeier an der Fiels. Duerno ass eng Rieslingspaschtéit an ee gudde Patt zervéiert ginn, an den Owend ass gemittlech an zefridden op en Enn gaang.(Carine Schanen-Schmitz)