Change Edition

Schongverkeeferinnen erënneren sech

Ettelbréck: Op Aluedung vum Brachtenbach Fernand, Jong aus dem fréieren, beschtbekannten Schonggeschäft „CHAUSSURES BRACHTENBACH“, hunn sech di deemoleg Schongverkeeferinnen virun a puer Deeg am Restaurant „Lanners“ bei engem guddem Maufel getraff. A flotter an geselleger Stëmmung goufen al Erënnerungen an munch Anekdoten vun fréier erëm opgefrëscht. Bei dëser Geleeënheet gouf och di privat Biografie iwwert Schonggeschäft nach eng kéier mat groussem Interessen duerchgebliedert.

Séier ass d’Zäit verflunn un dësem eemolegen Nomëtten.

Brachtenbach Fernand