Change Edition

D'CSV on Tour: Informatiounen fir d'Bierger

CSV on Tour en Donneschden den Owend (29.4) zu Ettelbréck am Stadhaus. Ronn 100 interesséiert Bierger hunn mat de Ministeren an Deputéierte vun der CSV iwwer aktuell politesch Themen diskutéiert.

D’Staatsfinanzen, den Ausstieg aus der Atomenergie, d’Reformen am ëffentlechen Déngscht, d’Pensiounen an den Index, wéi och den Asaz fir benodeelegt Kanner a Jugendlecher waren e.a. d'Themen déi ugeschwat goufen. De Kärmessage war kloer: Eist Land braucht onbedéngt verschidde Reforme, wa mir eis Liewensqualitéit wëllen halen!

Weider Rendez-vouse fir den CSV on Tour 2011 sinn:

Donneschdes, de 5. Mee, Beetebuerg am Schlass

Mëttwochs, den 11. Mee, Centre Culturel Bouneweg (rue des Ardennes)
Ukank ëmmer um 19.30 Auer

Fotoen: CSV