Change Edition

CSV Ettelbréck/Waarken: 13 Kandidaten fir d'Gemengewalen

E Méindenowend (14.3) huet d'CSV Sektioun Ettelbréck/Waarken am Kader vun der Generalversammlung hir 13 Kandidatinnen a Kandidaten fir d'Gemengewalen présentéiert. Spëtzekandidat fir de 9.Oktober 2011 ass wéi schons 2005 den Député-maire Jean-Paul Schaaf.

Fënnef Memberen vun der CSV Fraktioun am Gemengerot stellen sech op e Neits de Wieler. D'Conseillère Sylvie Bisdorff mécht hiert Mandat färdeg an zitt sech dann aus perséinleche Grënn aus der Politik zeréck. Insgesamt zielt d'CSV-Lëscht 8 Männer a 5 Fraën aus verschidden Quartieren vun der Gemeng.


D'Kandidaten am Iwwerbléck:

Jean-Paul Schaaf (45):
bestued a Papp vun 2 Jongen an engem Meedchen
wunnt an der Rue des Vergers zu Ettelbréck
Assistant social vu Formation
Députéierten zenter 2004
Buergermeeschter zenter 2003
Member vum Gemengerot zenter 1994

Georges Ferreira (36)
bestued a Papp vun 2 Jongen
wunnt an der Rue Philippe Manternach zu Ettelbréck
Patron vun der Assurances Ferreira zu Ettelbréck (Agence générale vun der "La Luxembourgeoise") an der Immobilière Ferreira zu Ettelbréck
Comitésmember vum Geschäftsverband

Anita Hirt ép. Wagner (53)
bestued a Mamm vun 1 Meedchen an 1 Jong
wunnt an der Cité Breechen zu Waarken
schafft an der Maison Relais zu Colmer-Bierg
Comitésmember vun den Amis des Scouts
Caissière bei den Enrôlés de Force

Edmée Juncker ép. Feith (57)
bestued Mamm vun 2 Meedercher
wunnt an der Rue Philippe Manternach zu Ettelbréck
Secrétaire-médicale am CHNP
Member vum Gemengerot zenter 2000
Schëffen zenter 2008
Presidentin vun der CSV Ettelbréck/Waarken

Laure Karier-Schaus (53):
bestued a Mamm vun 4 Jongen
wunnt an der Rue Prince Henri zu Ettelbréck
zesummen mat hirem Mann Patronne vun Electricité Stoos
Sekretärin beim Geschäftsverband

Carlo Lima (40):
bestued a Papp vun 2 Meedercher
wunnt an der Rue Michel Weiler zu Ettelbréck
Technicien en télécommunication bei Orange
Sekretär vum Alfa Romeo Club Luxembourg
Comitésmember vum Conservatoire National de Véhicules Historiques
Comitésmember vun der Lëtzebuerger Oldtimer Fédératioun
Comitésmember vum Cap Vert Espoir et Développement

Patrick Ludivig (52):
bestued
wunnt an der Rue Jean Antoine Zinnen zu Ettelbréck
Infirmier diplômé a zenter 2003 Préposé vum Service Endoscopie/Urologie am Centre hospitalier du Nord (CHdN)
zenter 40 Joër Member vun den Ettelbrecker Pompjeeën
Sekretär vun der Fondatioun vun den Ettelbrecker Pompjeeën
Comitésmember vum Syndicat d'initiative et du tourisme

Patrice Lutgen ép. Oberlinkels (49):
bestued a Mamm vun 2 Meedercher an 1 Jong
wunnt an der Rue de Welscheid zu Waarken
Chargée de cours
Co-Presidentin vum Syndicat d'initiative et du tourisme
Sekretärin vun der CSV Ettelbréck/Waarken

Christian Mohr (30):
bestued
wunnt an der Rue du Deich zu Ettelbréck, ab Enn 2012 zu Waarken
Journalist bei mywort.lu / Luxemburger Wort
Member vum Gemengerot zenter 2005
Präsident vun den Ettelbrécker Bluttspender
Vize-Präsident vun der Nordstadjugend

Pascal Nicolay (41):
Jonggesell
wunnt an der Rue Dr Klein zu Ettelbréck
Bibliothécaire-documentaliste gradué an der Nationalbibliohéik
Member vum Gemengerot zenter 2005
Comitésmember vum Pattonmusée
Comitésmember vun der Ettelbrécker Bibliothéik
Comitésmember vum Syndicat d'initiative et du tourisme

Lucien Renckens (53):
bestued a Papp vun 2 Kanner
wunnt an der Avenue Salentiny zu Ettelbréck
Postbeamten am Beräich Comptabilitéit an Telekommunikatioun
President vum CAPA
Vizepresident vun der Antenne Collective
Trésorier vun der Denkfabrik Nordstad
Comitésmember vum Syndicat d'initiative et du tourisme

Fons Schmit (68):
bestued a Papp vun 2 Meedercher
wunnt am Chemin du Camping zu Ettelbréck
Schoulmeeschter a Pension an langjähregen Delegéierten vum Schoulpersonal
Member vum Gemengerot zenter 2005
President vun der Vinzenzkonferenz
Comitésmember vun der Amiperas

Jeannine Weynandt ép. Lutgen (50):
bestued a Mamm vun 3 Jongen
wunnt a Stackels zu Ettelbréck
Infirmière en pédiatrie
schafft zenter 1984 am CHdN zu Ettelbréck
Chef de service vun der Maternité
Laktatiounsberoderin IBCLC (International Board Certified Lactation Consultant)
Matgrënnerin a Präsidentin vun dem BLL (Beruffsverband vun den Laktatiounsberoderinnen zu Lëtzebuerg)
Member vun der nationaler Stëllkommissioun zenter 2006

Fotoën: Fernand Grasges

Den Détail vun der Generalversammlung liest Dir an der Mëttwochseditioun vum Luxemburger Wort.