Change Edition

André Bauler: Den 30järege Krich, eng Tragedie

Viru 400 Joer ass den 30järege Krich an Europa ausgebrach. Lëtzebuerg ass no 1635 tëscht d'Fronte geroden a seng Awunner hu souwuel ënnert de franséische wéi och ënnert de spueneschen Truppe misse leiden. D’Bevëlkerung ass staark zeréckgaangen, Krankheet, Honger a Folter stoungen op der Dagesuerdnung, eng schrecklech Zäit fir eis Virfaren.
Änlech Erfarunge maachen haut Leit an anere Länner.


D'Ettelbrécker Bibliothéik invitéiert iech häerzlech op dës interessant Konferenz mam André Bauler, dënschdes, den 11.Januar 2022 um 19.30 Auer. Mir freeën eis op äre Besuch!

Fräien Entrée - CovidCheck
Obligatoresch Réservation: Tél.  26 81 15 32 / E-mail.  bibliotheik@ettelbruck.lu