Change Edition

3. Abrëll: Ouschtersamschdeg zu Ettelbréck

Den Ettelbruck City Tourist Office versicht lokal Acteure wéi Veräiner, Geschäfter an och Schoulen an d’ Organisatioun vun de Fester mat an ze bannen. Ganz gelonge wor d’Zesummenaarbecht déi lescht Jore mam Projet Arcade, déi Bänken, Dëscher a kreativ Panneaue fir Fester an och d’ Sandkëscht am Summer gebaut hunn. Bei der Kreativ Aktioun hunn d’ Ettelbrécker Schoulklassen gebastelt fir d’ Fënstere vun de Geschäfter ze dekoréieren. E groussen Erfolleg haten och d’ Wiichtel Tute mat de Veräiner an de Geschäfter.

Dëst Joer huet den ECTO eng Kooperatioun mam Centre national de formation professionnelle continue (CNFPC). Déi verschidden Atelieren aus dem CNFPC hunn zesummegeschafft fir d’ “Sich nom Ouschterhues” am Zentrum vun Ettelbréck kreativ ze gestallten. Esou hunn d’Schüler d’Supporten, a Form vun Ouschtereeër, fir d’ Rätselen an zwee Ouschterhuesen entworf an hiergestallt.

Dëst erméiglecht d’ Ettelbrécker Ouschtereeërsich och 2021 z'organiséieren. D’ Kanner fannen d’ Rätsele vun Ouschtersamschdeg un an de Vitrine vun de Geschäfter a brauche nët méi an d’Geschäfter eran ze goen. Fir de Kanner och während der Ouschtervakanz eng flott Aktivitéit am Fräien unzebidden, a fir dass manner Kanner mateneen ënnerwee sinn, gouf d’Sich nom Ouschterhues op de 6., 7., 8. a 9. Abrëll verlängert.

Entdeckt di flott Kreatioune vum CNFPC op der “Sich nom Ouschterhues” vum 3. Abrëll un am Zentrum vun Ettelbréck.