Change Edition

Bluttsëffer an Ouereschlëffer an der Ettelbrécker Bibliothéik

16
Nov
2021
16 Nov

Dënschdes, de 16.November 2021 invitéiert d'Ettelbrécker Bibliothéik um 19.30 Auer op ee gemittleche Liesungs-Owend mam Jemp Schuster.

BLUTTSËFFER an OUERESCHLËFFER ass eng zweedeeleg Familljesaga an erzielt d'Geschicht vu fënnef Generatiounen, d'Geschicht vun engem Duerf tëschent 1905 an 2005. Si zeechent e Bild vum ländleche Liewen am Norde vu Lëtzebuerg, dat ënnert dem Afloss vu groussen a klenge politeschen Evenementer. Mee si erzielt virun allem och den Afloss vum Krich op d’Eenzelschicksaler vun de Fraen aus der Famill, baséierend op enger wouerer Geschicht.


Mir freeën eis op äre Besuch!

Fräien Entrée - CovidCheck
Obligatoresch Réservation: Tél.  26 81 15 32 / E-mail.  bibliotheik@ettelbruck.lu

More news by Ettelbrécker Bibliothéik >