Change Edition

Scheckiwwerréichung un d’ASA Asbl

Viru Kuerzem hunn d’Patricia , den Nico an den Robi hiren ronne Gebuertsdag zesumme gefeiert.

Si wollten keng Cado’en an hunn hir Gäscht ëm en klengen Obolus gebieden fir en gudden Zweck.

Si haten d’ASA asbl erausgesicht als Beneficiaire vun den Don’en.

Hir Invité’en hunn én Häerz fir Assistenzhonn an esou konnten déi Verantwortlech vun der Associatioun sech iwwert é Scheck vun 1.700€ freeën.

Den Dr. D.Nash, Präsident vun der Asa, d’Nelly Nash, den Exi an den Lions hunn de Gebuertsdagskanner an hire Gäscht é grousse Merci gesot fir den generéisen Don.

D’Asa parrainéiert Assistenzhonn fir Alters- a Pflegeheimer, fir kierperlech an/oder geeschteg behënnert Kanner, fir Leit mat Epilepsie.

Infoen iwwert d’Associatioun ënnert: www.asa-asbl.lu