Change Edition

Mat Musik a Geschichte ronderëm d'Welt

05
Jul
2019
05 Jul

19:30 Auer am Haff vun der Gemeng 2, Foumichterwee zu Eschduerf


D'Musik an d'Bibliothéik vun Eschduerf invitéieren Iech op e klengen Tour duerch d'Welt. Bei engem Patt an engem gudde Maufel, fir dee mir eis ënnerwee duerch e Bléck a friem Dëppen inspiréiere gelooss hunn, freeë mir eis iwwert Är Gesellschaft.

Musikalesch begleet Iech déi Eschduerfer Musik. D'Texter gi gelies vum Marie-Jeanne Jacobs an dem Lil Feinen.


Fir d'Iessen umelle sollt Dir Iech um Telefon: 661591211 oder 661889021