Change Edition

Autofräie Sauerdall

18
Sep
2022
18 Sep

Ierpeldeng/Méchela .Den 18ten September ass rëm Autofräie Sauerdall . Op enger Streck vun 23 Km vun Ierpeldeng bis Buurschtermillen a Retour fannt dir alles fir Bike&Hike . Zu Ierpeldeng a Méchela ass d'Vitesse op 30 erof gesaat . D'Streck tëschent den 2 Uertschaften ass komplett fir de Verkéier gespaart.

Op halwer Streck VTT an Velosparcours mam Lex Reichling an Suzie Godart .

Sprangschlass fir Kanner . Animation mam Lisa .

Vun 15 bis 17 Auer ass Band Akustiks live am Sauerdall.

Fir Iessen an Drénken ass alles do wat gebraucht gëtt.

Op der ganzer Streck soll de Code de la route respektéiert ginn .

Leit déi wëlle mam Zuch kommen, kënne vun den Garen Méchela an Ettelbréck profitéieren .