Change Edition

60 Joer Chorale Ste-Cécile Iernster


De Männerchouer vun Iernster gouf 1951 gegrënnt, op d'Bedreiwe vum Kaploun Keilen vu Gonnereng, deen déi Zäit fir Iernster zoustänneg war. Haut besteet de Veräin nach aus aacht Memberen. Fir de 60. Gebuertsdag ze feieren, ass dëse Programm virgesinn: Samschdeg, 19. Mäerz: um 16.30 Auer, feierlech Mass zu Iernster an der Kierch, gesonge vum Gebuertsdagsveräin, dirigéiert vum Jos Schmit, mat dem Kirsten Elmquist un der Uergel; um 18 Auer an der Schoul, Verdeele vu Medaille vum Piusverband, Aweihung vun enger Vitrine mat Erënnerungsstécker vun Iernster, Iwwerbléck vum Inhalt vun der Festbroschür, Éierewäin offréiert vun der Gemeng Nidderaanwen.

Familljefest e Sonndeg, den 20. Mäerz: um 11.30 Auer, Concert vun der Strëpp vun der Hueschterter Musek; um 12 Auer, Mëttegiessen (Bestellung bis de 15. Mäerz op der Telefonsnummer 621 500 269, oder per E-Mail nancy.goergen@junglinster.lu); um 14 Auer, Concert vun der Chorale Ste-Cécile vun Hueschtert; um 14.45 Auer, Concert vun der Chorale Concordia Gemeng Nidderaanwen; de ganze Mëtteg: Iernster fréier an haut (eng interessant Fotoshow).

Di Iernster Leit sinn houfrech op hir kleng, mä fein Chorale an hu mat vill Begeeschterung dem Organisatiounscomité gehollef, Material fir d'Broschür an d'Fotoshow zesummenzedroen.

More news by Concordia -The Voices, Nidderaanwen >