Change Edition

Auto iwwerschléit sech


En Auto mat zwee Passagéier huet sech de 16. Februar géint 7.20 Auer op der Streck Elleng-Gare fir op Fëlschdref iwwerschloen. An der "Bréim" huet d'Persoun um Steier d'Kontroll iwwert hire Won verluer an ass an de Summerwee geroden. Den Auto ass nom Iwwerschlag op der Säit leie bliwwen. Alle béid sinn fir eng Kontroll vun der Protex Réimech an d'Klinik bruecht ginn.