Change Edition

Lëtzebuerger Puzzlemeeschterschaft

19
Oct
19 Oct

Den DT Ell an d’Spillfabrik organiséieren deen zweeten nationalen Championnat am Equippe-Puzzelen zu Lëtzebuerg.


Während 10 Stonnen huet all Equipp Zait esou vill ewéi meiglech Puzzelen zesummen ze bauen. Ween um Enn no 10 Stonnen dann déi meschte Stecker zesumme gesaat huet ass nationalen Champion.


Eng Equipp kann esou grouss sinn, ewéi se mell, mee et därfen emmer nemmen 4 Léit glaichzaiteg un engem Puzzle schaffen. All Equippe fänkt mat dem selweschten Motiv un. Ass ee Puzzle fäerdeg, kritt een dat nächst Motiv. D’Reihefolg vun de Puzzelen ass viirginn, an esou muss all Equipp déi selwecht Reihenfolg ofschaffen.


No den 10 Stonnen, gëtt dann nach dat gréissten zesummenhängend Steck gezielt, waat bei den Ennscore dobai gerechent gëtt.


D’Aschreiwung fir eng Equippe ass 70 Euro. Déi färdeg an ugefaangen Puzzelen, kann dann all Equippe herno mat heem huelen.


Fir déi drai eischt Equippen ginn et Geldpraisser. De Gewënner däerf sech Landesmeeschter am Equippepuzzelen nennen.


Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.


Den Entrée fir d’Spektateuren ass fräi.


Weidewr Info'en an Aschreiwung op: www.puzzle.lu