Change Edition

Musik verbënnt

dës Joer war et elo scho fir déi 3. Kéier wou de Jugendorchester vun der Eechternoacher Stadmusik, d'HarMunEch Hämelmaousbléiser, e gemeinsame Stage organsiéiert hunn.

Vum 9.4.2019-12.4.2019 hu sech déi jonk MusikantInnen aus der Abteistiedchen mat dem Jugendorchester vun der Veiner Stadmusik an der Jugendherberg an der Fiels zesummefonnt, fir während dësen Deeg e flotte Concert virzebereeden. Nierft vill Musik maachen, war awer och fir d'Animatioun beschtens gesuergt an de Kanner a Jugendlecher am Alter vun 9-19 Joer ass et keng Minutt langweileg ginn.


De Freideg, 12.4.2019 hunn déi 2 Jugendorchesteren am Schlass zu Kewenig (D) hiere Concert duerfte présentéieren an Elteren, Grousselteren, Frënn a Memberen vun denen 2 Musiken ware méi wéi iwwerrascht iwwert Resultat.

Ënnert der musikalischer Leedung vum Sebastian Pesch (Dirigent vun den HarMunEch Hämelmaousbléiser) an dem Marcel Richards (Dirigent vum Veiner Jugendorchester) hunn déi jonk Musikanten de begeeschterten Applaus méi wéi verdéngt gehat.


Während der ganzer Woch goufen d'Kanner a Jugendlech vun engem sympatheschen Betreierteam begleet. D'Claude Schmit an d'Isabelle Schilling (Eechternoacher Stadmusik) souwéi d'Gina Dimola an den Charly Leonardy (Veiner Musik) hunn e super Job gemaach an jiddereen gekonnt bei Laun gehalen.