Change Edition

Looss deng Flilleke wuessen a sang

19
May
2019
19 May

Am Kader vu sengem 50. Jubiläum organiséiert den Ensemble vocal AMBITUS, ënnert dem Impuls vum Roby Schiltz, e Concert mat der Bedeelegung vu ronn 250 Grondschoulkanner aus de Gemenge Beefort, Berbuerg, Bäertref, Gréiwemaacher, Iechternach, Konsdref, Miersch a Waasserbëlleg.

9 Gruppe presentéieren noeneen jee 2 Lidder op der grousser Bühn am Trifolion a gi begleet vun enger Combo aus der Regionaler Musekschoul vun der Stad Iechternach.

Den Ofschloss maachen all Kanner zesumme mat hiren Enseignanten, hire musikalesche Giedelen a Pätteren an Ambitus ënnert der Leedung vum Roby Schiltz.


Ufank: 16 Auer

Entrée fräi / Quête nom Concert

Ticketen: Oweskeess ab 15 Auer