Change Edition

Kabar Ö - „Total am Bësch“

02
Mar
02 Mar

20 H


Eng kabarettistesch Vue op eng mouvementéiert Zäit


De klenge Lëtzebuerger Mikrokosmos, „déi do uewen déi decidéieren“ – „déi do ënnen déi knadderen“, d’Loscht op Konsum - de Verdross virun der Verännerung vun der Landschaft, Engagement, Atomkraaft, Wirtschaftswuesstem, Politikverdrossenheet: Themen, déi haut ganz aktuell sinn.

Ma wéi war dat virun 10, 20, 30 Joren a méi? Ass haut alles besser? Wat ass muer?

Zum Ulass vum 50. Gebuertsdag vum Mouvement Écologique huele mir Iech mat op eng kabarettistesch Zäitrees, mat sprëtzegen, interessanten „ale“ Nummere vu bekannten oder manner bekannte Kabarettiste bis hin zu e puer neien aktuellen Nummeren. A wie weess, vläicht ass villes wat mer haut soen, guer net esou nei. Oder iren dach?

All eis nohalteg Texter sinn op recycléiertem Pabeier geschriwwen a sämtlech Pointe biologesch ofbaubar.


Et spillen: Alain Adams, Raymond Bertemes, Carole Doffing, Nicole Keiser-Jedrysiak, Irène Zeimes

Mat Texter vun: Alain Adams, Josy Braun, Roland Gelhausen, Jhemp Hoscheit, Josiane Kartheiser, Pir Kremer, Roland Meyer, Jay Schiltz, Jemp Schuster

Regie: Clod Thommes

Musek: Paul Dahm a Camille Nanquette


Dauer: 90 Min + 20 Min Paus



TICKETS

20 EUR Eenheetspräis

10 EUR reduzéiert

Kulturpass gëtt akzeptéiert | Eventuell Erhéijung vum Präis an der Oweskeess


Ticket Service Echternach

phone + 352 26 72 39-500 (Mo-Sa 9-20 Uhr) | ticket@trifolion.lu

oder unter: www.luxembourg-ticket.lu


www.trifolion.lu


Organisatioun: Mouvement Écologique

Mat der Ënnerstëtzung vun: Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte