Change Edition

Tiitercher fir d`Kanner an fir d`Senioren

An d`Raim vun Gaard an Heem an der Beetebuergerstross huet dest Joer den "Interesseveräin Quartier Butschebuerg" den "Père Noel" mat sengen Engelchen agelueden, fir brave Kanner am Alter vun dräi bis siwe Joer eng Tiitche mat ville gudde Séissegkeeten ze beschenken. Donieft krutten déi Memberen iwwer 80 Joer eng schéin Corbeille geschenkt.

Durno gouf nach e gemittlechen Nomëtteg zesummen verbruecht mat Kaffi a Kuch, an enger flotter Tombola.

Dest Joer hunn mir och Geleeënheet benotzt eis Buch iwwer Butschebuerg" Im Schatten des Johannisberg-Budersberg: Geschichte und Geschichten" vum Auteur Raymond Schmit op eiser Chrëschtfeier ze presentéieren, fir all déi nach en schéinen Chrëschtkaddo wollten maachen. Den Auteur Raymond Schmit huet sech net huelen gelooss op der Platz jiddwerengem Buch perséinlech ze signéieren.