Change Edition

"LNB writes for rights"

D’Schüler vun der 2GSO aus dem Lycée Nic-Biever vun Diddeleng hunn sech virun de Chrëschtdeeg géint Mënscherechtsverletzungen agesat. Si hunn dëst am Kader vum “Festival des droits humains” vun Amnesty International gemaach.

Während 3 Wochen hunn si hir Matschüler aus dem ganze Lycée iwwert Mënscherechtsvertrieder an hir Aktiounen opgekläert a fläisseg Ënnerschrëften a Bréiwer gesammelt. Sou sinn zum Schluss 356 Bréiwer a Postkaarte mat ermonterten a wichtege Message zesumme komm.