Change Edition

D'Sonia Casquilho spent am Laf vun 10 Joer déi stolz Zomme vun 37.517,65.-€

D’Sonja Casquilho ass eng langjähreg Fraiwëlleg vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner an awer och eng ganz léif Bomi déi hirer kranker Enkelin versprach hat sech geint de Kannerkriibs anzesetzen. D’Sonja an seng Famill schaffen elo schonns 10 Joer laang mat groussem Asaz fir d’Fondatioun duerch hier sëlleg Aktiounen: se verkaafen op Floumärt, backen ganz lecker Kichelcher, organiséieren fir Krëschtdeeg flott Tombolaen an de gesammelten Erléis gett emmer gespend. Esou huet Sonja iwwert déi ganz Joeren der Fondatioun Kriibskrank Kanner de stolze Betrag vun 37.517,65.- gespend.

E riise grousse Merci un dei ganz Famill a Frënn dat si sech schon esou laang esou tatkräfteg asetzen. www.fondatioun.lu