Change Edition

Union Avicole Dippach - Fir e gudden Zweck

Den 7. Juni 2016 hat de Comité vun der Union Avicole Dippech ob Betteng an de Centre Culturel Norbert Sassel invitéiert fir eng Scheckiwwerreechung vun € 4500.- un Fondation Cancer, d’Fondatioun Lëtzebuerg Air Rescue an d’A.P.E.M.H., am Kader vun der Obléisung vum Veräin. A Präsenz vun der Madame Buergermeeschter Manon Bei-Roller an de Gemengevertrieder huet den Här Jacques Witry eng kuerz Usproch gehalen, ir d’Vertrieder vun deene verschiddene Fondatiounen e Scheck an engem Wäert vun € 1.500.- entgéint geholl hunn. D’Feier ass Gett mat enger klenger Agape ofgeschloss ginn.