Change Edition

Konveniat 50 Joer Première

Dikrech. Den 28. September 2019, 50 Joer no hirem Premièresexamen, hu 24 vun den deemolege Primaner vum Dikrecher Kolléisch sech zesummefonnt fir dëse ronne Jubiläum ze feieren. Et ass ugaang mat enger interessanter a léierrräicher Visite guidée vum gallo-réimesche Site « op der Wiischen » zu Schieren. Duerno waren déi fréier Primaner op eng Receptioun mat Aperitif an hir al Schoul invitéiert, wou si vum haitegen Direkter, deen e gutt Stéck méi jonk wéi si ass, begréisst goufen. D’Mëttegiessen am Restaurant Leweck zu Lëppschent huet hinnen d’Geleeënheet gi fir sou muench al Erënnerungen a Spiichten opzefrëschen, awer och fir aktuell Themen ënner d’Lupp ze huelen. Um Enn vun dësem gesellegen Dag hu si sech drop gëeenegt fir sech a spéitstens zwee Joer erëmzegesinn.

Text/Foto: Guy Mathey