Change Edition

D'LCD-Primaner vun 1950 hunn sech nees erëmgesinn


Och wann et hirer ëmmer manner ginn, d'LCD-Primaner vum Joer 1950 hunn nees drop gehalen fir sech erëmzegesinn, sou wéi si dat bis elo all Joer gemaach hunn. Deemools, wéi si virun 69 Joer am Dikrecher Kolléisch am Premièresexame geschweesst hunn, waren si zu hirer 23. Am Laf vun der Zäit sinn déi meescht vu hinnen ewechgefall, ma 8 sinn der elo nach um Liewen an halen drop, déi al Tradition vun engem periodesche Konveniat an der Riicht ze halen. Dat hunn si dann och neiderdéngs gemaach, ma wéinst Alter, Krankheet an aneren Ursaachen waren si um Enn nëmme méi zu hirer 4, fir sech an engem gudde Restaurant fir e genëssege Maufel an e sëffege Pättchen un den Dësch ze setzen. Si hunn sech dat Iesse gutt schmaache gelooss an dobäi vill léif al Erënnerungen aus hirer Studentenzäit erëm opgegraff. Ma och d'Aktualitéit, national an international, ass aus der Siicht vun "alen Huesen" äifreg diskutéiert a kommentéiert ginn. Duerwéinst sinn och vill schro a manner schro Problemen a Verdrësslechkeeten, wéi se an esou engem héijen Alter jo dach awer net ongewéinlech sinn, fir e puer Stonne laang an de Vergiess geroden. Et ass duerfir och net verwonnerlech, datt erëm festgehale gouf, dës schéin Traditioun nach esou bal net opzeginn.

Op eiser Foto gesäit een, vu lénks no riets: Nuckes Feider, Metty Krack, Fernand Heger a Marcel Gillen mat hirer Serveuse vun dësem Dag.

Text a Foto: N. Feider