Change Edition

27. Randonnée Jempy Schmitz 742 sin der matgefuer

Mëtt August ware 742 jonk a manner jonk Coureuren um Dill, fir sich op de Wee vun der 27. Editioun vun der Randonnée Jempy Schmitz ze maachen. Si haten d´Weel tëscht Strecke vu 44 bis 154 Kilometer. Ennerwee konnte si bei herrlichem Weder di flott Géigend bis op Huldang, dem Heemichtsduerf vum letzebuerger Champion vu 1952 bewonneren, oder, wann et ferm de Bierg op goung, verfluchen. Ma der ware séier wéing do. Di allermeesst waren um Ravi zu Bivels voller Luew fir dat gutt Uebst wat et z´essee gouf a waren owes nach laang um après-velo bei der Dikricher Schwämm.

Organiséiert gouf dës Cyclotouriste vum Veloclub Dikkrich, dem Lions Club Eislék an den Amis de Jempy Schmitz, eisem Veloscrack, den eis de 14.11.2017 verlooss huet. Den Erléis ass och dest Jar rëm fir e gudden Zweck.


Copyright Biller Claude Ries

https://vcdiekirch.jimdo.com/