Change Edition

Fréijors-Concert vun der Fanfare Gemeng Duelem

"Cinemania" woar d'Motto vum dësjähregen Fréijors-Concert vun der Fanfare Gemeng Duelem. D'Nolauschter woaren begeeschtert vun der Présentatioun, déi hinne gebuede gin ass an hun daat och mat hirem Applaus honnoréiert. Dem Dirigent Jonathan Dévière woar ët nees gelongen e flotte Programm mat bekannten an usprochsvoller Filmmusek auszesichen a mat senge Musikanten anzeprouwen. D'Musek vun "The Last of the Mohicans", "The Rock" wéi och "Le Petit Baigneur" woaren Héichpunkt vum Concert, mat der Titelmusek vun "Exodus" an "Cinema Paradiso" wéi och Ausschnëtter aus Filmer mat maskéiert Haaptpersonnagen, Chillers an Thrillers wéi och Blockbusters konnten d'Musikanten iwwerzeechen. Wéi elo schons gewinnt bei de Gala-Concerts vun der Duelemer Musek, hat de Jugendorchester vum Veräin och hiren Deel bäigeluecht zu engem flotte musikaleschen Owend. Ënnert der Directioun vum Ben Seil konnten déi jonk Musikanten mat Ausschnëtter vun "Flintstones", "Pirat of the Carribean" an "Sister Act" begeeschteren. Zum Ofschloss woar eng Quête zu Gonschten vun Télévie, eng Aktioun déi säit 15 Jor vun der Duelemer Musek ënnerstetzt gët. De Jugendorchester vun der Musek kann een nach eemol héieren bei Geleeënheet vun der Fête de la Musique den 19. Juni zu Fëlschdreff an d'Fanfare Gemeng Duelem invitéiert elo schons fir den 02. Juli op hire Concert am Réimertheater zu Duelem.

More news by Robert Vandivinit >