Change Edition

An Erënnerung un de Bëschof Léon Lommel

De Mathias Léon Lommel, gebuer den 3. Februar 1893 um Schleederhaff bei Kruuchten, a gestuerwen den 11.Juni 1978 war de 5. Bëschof vu Lëtzebuerg. Als eelste vun aacht Kanner vum Bauer Henri Lommel an der Susanne Beringer gouf hien virun 100 Joer, den 13. Juli 1919, zu Innsbruck zum Geeschtleche geweit, wou hien säi Studium vun der Theologie, der Philosophie an der Konschtgeschicht ofgeschloss huet. Viru 70 Joer, den 29.Juni 1949, huet de Kardinol Fernando Cento en zum Bëschof geweit. Hie gouf den 21.Oktober 1956 Bëschof vu Lëtzebuerg.

E Samschdeg, den 13. Juli, op den Dag genau 100 Joer no senger Priisterwei, huet sech seng Famill um Schleederhaff zu enger grousser Erënnerungsfeier an engem Familljefest getraff. 118 Memberen aus der grousser Famill ware koum fir dem „Monni Léon“ senger ze gedenken . De Bëschof war ëmmer verbonne mat senger Heemechtspar Kruuchten. Dofir gouf e Samschdeg de Muere eng Mass zu senger Éier an der Porkierch vu Kruuchten gehalen. Dobäi gouf och un dem Bëschof säi Wahlsproch erënnert: "Nos autem populus tuus"(Mir awer sinn däi Vollek").