Change Edition

Méi kuerz Weeër fir eis Bierger

Am Kader „Méi kuerz Weeër fir eis Bierger“ huet d'Gemeng Conter zu Éiter eng ganz nei Trap gebaut fir d’Rue du Pont mat der Mutferter Strooss op der Héicht vum Centre culturel ze verbannen.
Fir d’Sécherheet och an der Däischtert ze garantéieren ass dës Trap och beliicht.
Zousätzlech zu dësem Projet si nei Parkplazen an der Rue du Pont a ronderëm de Centre culturel aménagéiert ginn.