Change Edition

Eng Plackett mam alen Hausnumm

D'Gemeng Conter an d'Natur- a Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall asbl hunn de 14. November 2019 an d'Henkeshaus agelueden fir d'Hausplacketten mat dem alen Hausnumm un déi interesséiert Leit ze verdeelen.

No der Begréissung vun der Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet, huet d'Presidentin vun de Geschichtsfrënn der Gemeng Merci gesot fir d'Ënnerstëtzung vun hirer Aktioun "Eng Plackett mam alen Hausnumm", wou d'Gemeng Conter och d'Käschte vun de Schëlter iwwerholl huet.

No hiren zwou éischten Ausstellungen "Eis Dierfer fréier an haut" (2013) an "Eis al Hausnimm"(2014), gouf d'Iddi am Komitee gebuer fir d'Hausnimm op enger Plackett festzehalen, déi d'Leit, déi an esou engem Haus wunnen, och konnte bestellen.

2017 sinn déi éischt 29 Placketten iwwerreecht ginn. Ma den Intressi huet duerno bei de Leit net nogelooss, sou datt décidéiert gouf eng zweet Oplo ze starten, déi nach méi e grousse Succès hat, a 47 nei Bestellungen derbäi koumen.

Vun 177 Haiser mat engem Hausnumm déi et bis viru kuerzem nach an der Gemeng Conter gouf, hunn der mëttlerweil 76 eng Plackett. Et bleift also nach Kapazitéit no uewen. Den Intressi schéngt och na net nogelooss ze hunn, well schonn erëm eng Plackett bestallt gouf, an och d'Schëtter Gemeng wëll déi Conter Aktioun iwwerhuelen. D'NaGIS hunn duerfir elo an der Nopesch Gemeng ugefaang déi al Hausnimm ze dokumentéieren.

An dem Buch "Wer sind wir? Wo sind unsere Wurzeln?", dat d'NaGIS dëst Joer am Abrëll erausginn hunn, sinn eleng op 19 Säiten all dës Haiser mat Foto, Hausnumm an Adress festgehalen. Dat Buch konnt op dësem Owend och kaf ginn a vill Leit hu vun dëser Geleeënheet profitéiert.

D'Presidentin huet d'Opfuederung vun der Buergermeeschtesch gedeelt, d'Placketten och un d'Haiser unzemaachen a se net am Tirang verschwannen ze loossen. An d'Geschichtsfrënn gi net midd derfir ze plädéieren, fir enger neier Residenz, déi amplaz vun engem alen Haus gebaut gëtt, den Hausnumm ze iwwerhuelen, a net e Fantasienumm dee net an d'Duerf passt a mat der Traditioun näischt ze dinn huet.

Sou huet een allersäits gelongenen Owend bei engem Patt an engem Maufel, déi d'Gemeng offréiert hunn, e gudden Ofschloss fonnt.