Change Edition

Aktioun Gemeng Conter hëlleft - Chequeiwwerreechung

All Joer ënnerstëtzt d'Gemeng Conter an Zesummenaarbecht mat hirer Inegratiounskommissioun 2 verschidden Associatiounen. Am Joer 2018 - 2019 sinn an deem Kader Spende fir d'Associatiounen Lux - Lagos asbl (2.192,60 €) a Mir wëllen iech ons Heemecht weisen (1.777,60) gesammelt ginn.
Den 12. Juni 2019 huet d'Chequeiwwerreechung stattfonnt an d'Associatiounen, déi am Joer 2019 - 2020 ënnerstëtzt ginn, Île aux Clowns an Les Amis de Gambie, konnten dës Plattform notze fir sech virzestellen.


Den Ultraleefer Claude Stiefer,Nonstop- Laaf: Eemol rondrem d‘Land huet säi Projet "Eemol rondrem d'Land" presentéiert. Mat dësem Projet sammelt hien Spenden fir d'Aktioun Conter hëlleft.