Change Edition

Nordic Walking - Gemeng Contern

10
Jun
2020
10 Jun 17 Jun 24 Jun 01 Jul 08 Jul 15 Jul

Mir gin erëm lass !!


No enger langer Paus treffe mir ons elo erem ab dem 10. Juni, all Mëttwoch Moien um 09.00 Auer fir ons gewinnte Rondwanderung, dëst nom Motto:


"Wéi flott de Summer ass rëm do,

den Himmel oft sou richtg blo,

genéiss mat ons déi schéi Natur,

all Mëttwoch Moies, Genoss pur! "


Grad an dëser spezieller Zäit ass et wichteg säin Immunsystem sou richteg op Trapp ze halen! Nordic Walking a fräier Natur, kann dozou en exzellenten Bäitrag leeschten.

Also, .... näischt ewéi lass !!


Interesséiert fir mat derbäi ze sinn?

Ufänger oder Froen zum Nordic Walking?

Da mell Dech gären beim: Lilly Eischen - Animateur Sport Loisir

Tel: 621- 42 52 46 oder per email: joli1@pt.lu


N.B. Natiirlech hale mir ons un déi aktuell sanitär Viirschrëften, dofir denkt weg drun,

bei onsen Treffpunkter ëmmer e Buff oder eng Mask mat derbäi ze hun, fir de Fall datt mir eng Kéier déi 2 m Distanz nët kéinten anhalen.