Change Edition

Weekend "OPPE KIERCHEN"

Samsdeg 02.06.2018: 14.00 - 19.00

Sonndeg 03.06.2018: 10.00 - 19.00


An eiser Kierch werfe mir net just ee Bléck op d’Gesiicht vum Bartholomäus mee och ee Bléck op dee schéinen Héichaltoer, wou ee vill Gesichter entdecke kann an och an eis Fensteren. De Kierchtuerm, deen enner Denkmalschutz steet, geet net vergies a mir werfen och ee Bléck op deen. Dat ganzt beliichte mir mat enger Powerpointpresentatioun - mir versichen ee klenge geschichtlechen Abléck an d’Kierch vu Konsdrëf ze ginn (mat Fotoen, wéi d’Kierchegebäi sech an de Jaren verännert huet) a mir kukken iwwer all eis Helleg, déi mir an der Kierch hunn ee klengt Infoschëld mat engem kuerze Bléck op deenen hir Liewen ze maachen.

D’Kierch ass op - wou och eng Permanence vun engem vun den Oeuvres St.Barthélemy Consdorf garantéiert ass Eis Leit, déi Permanence “halen” stinn de Visiteuren Ried an Äntwert.

Ee klenge “Mol- a Beschäftegungseck” fir eis jonk Visiteuren ass geplangt.


www.oppekierchen.lu

stbarthelemy.cathol.lu