Change Edition

Summerconcert ‚Singing all together‘

Konsdref: ‚Singing all together’
De Kanner- a Jugendchouer huet zesumme mat der Chorale Berdorf/ Consdorf op e flotte gemeinsame Summerconcert an de Kuerzwénkel invitéiert. De Programm gouf ofwiesselnd mol vum Kanner- a Jugendchouer, ënnert der Leedung vum Marc Loewen, mol vun der Chorale Berdorf/Consdorf, ënnert der Leedung vum Roby Schiltz, bestëmmt. Musikalesch Begleedunge ware um Piano, Pauline Michaux-Chu, um Drumset, de Marco Bermes an um Bass, de Romain Boden.
Als Ofschloss vun dësem Concert hunn déi zwee Chéier all zesumme ‚d’Frëndschaftslidd’ gesongen an d’Publikum war begeeschtert.