Change Edition

Scheckiwwerreechung bäi der Chorale

D'Chorale Sainte-Cécile vu Consdorf huet 2012 hire Centenaire gefeiert.

An enger klenger Feierstonn huet de Präsident Emile Weis viru kuurzem nach eng Kéier déi positiv Resonanz, déi di verschidde kulturell Manifestatiounen zu Consdorf verzeechne konnten, ënnerstrach an huet och op e finanziell positiven Ausgang vun de Festivitéiten higewisen.

En Deel vum Erléis wëllt d’Chorale mat Leit deelen, déi net op der Sonnesäit vum Liewe stinn. En Don vun 1 000 Euro, d'Quête vum Concert vun der Militärmusek, gouf deen Owend un d'Fondatioun EME („Ecouter pour mieux s'entendre“) iwwerreecht. D'Martine Wallenborn, Musekstherapeutin a Sozialpädagogin, huet als Comitésmember vun EME dëse Scheck entgéintgeholl.

Si huet sech ganz erfreet gewisen, datt d'Chorale un dës Fondatioun geduecht huet, déi an Zesummenaarbecht mat der Philharmonie entstan ass, an déi versicht, d’Musek deene Leit méi nozebréngen, déi vum normale Museksliewen oft ausgeschloss sinn. Am Numm vun EME huet si der Chorale merci gesot, déi hirersäits versprach huet, selwer och bei der Aktioun matzeman an an Zukunft vläicht e bësse méi d'Philosophie vun EME an hire Programm anzebauen.

Deen zweete Scheck gouf dem André Poorters iwwerreecht, deen dës Kéier net als Buergermeeschter vu Consdorf, mee als Präsident vum Rotary Club Diekirch-Ettelbruck an Trésorier vun der ONG „Aide au Bénin asbl“ , bäi der Chorale war. Déi zwou Organisatiounen sinn aktiv am Bénin, wou och nach ganz vill finanziell Hëllef gebraucht gëtt. No der Iwwerreechung vum Scheck vu 1 500 Euro huet den Här Poorters kuerz iwwert déi Projetë geschwat, déi si am afrikanesche Land realiséieren. (C.)