Change Edition

Klibberen 2022 zu Konsdref - Kolwent - Präitler - Wuelper

D'Massendénger aus der Gemeng Konsdref zesumme mat Kanner a Jugendlechen vu Konsdref sinn duerch Konsdref, Kolwent, Präitler a Wuelper klibbere gaangen.

Deem ganze Grupp war et virun allem wichteg, datt d'Traditioun Klibberen an den Dierfer duerchgefouert gëtt an dofir hu si och keng Méi gescheit, déi 2 Deeg fläisseg mat hire Klibberen an den Asaz ze goen. D'Leit aus den Dierfer, wou si um Karsamschdeg am Nomëtteg mat hire Klibberen duerch d’Stroossen d’Ouschterlidd gesongen hunn (an drop verzicht hunn, un all Hausdier schellen ze goen) hu si mat villen Enveloppen, léiwe Wierder an och Séissegkeete fir hiren Asaz belount.

D’Freed war riseg grouss, wéi all “Klibberkand” op Ouschtersonndeg seng Enveloppe senger finanzieller Belounung a seng Schneekegkeetentuut verdeelt krut.

Déi ganz Klibberekipp wäert nach een Don vun engem Deel vun hirem gesamte Klibberloun u Kanner/Jugendlecher verdeelen, déi et aktuell net sou gutt hunn an déi sech dann och nach iwwer ee léiwe Geste freeë kennen – aktuell si 460€ virgesinn, déi nach fir ee gudden Zweck gespent ginn.