Change Edition

Freed um Sangen vermëttlen

Flashmob an der Schoul zu Konsdref

Freed um zesumme Sangen ze vermëttelen, dat war d'Ziel vun enger Aktioun vum Kanner- a Jugendchouer Konsdref an der Primärschoul zu Konsdref.

Um leschte Schouldag virun der Ouschtervakanz ass de Jugendchouer spontan an der Primärschoul vu Klassesall zu Klassesall gezunn an huet all d‘Kanner matgerappt fir zesummen am Schoulhaff ze sangen. D’Léierpersonal hat wuel 2 Lidder am Musekscours mat de Kanner déi lescht Wochen ageprouft, awer hinnen näischt vun der Aktioun Flashmob verroden.

Jiddefalls huet ee vill Freed bei de Kanner beim Sange vun „On écrit sur les murs“ am Schoulhaff verspuert a vläicht huet den een oder deen anere jo esou richteg Loscht um Sange kritt. De Kanner- a Jugendchouer (kajuconsdorf@gmail.com, Tel. 79 92 74) géif sech freeën iwwer all nei Sängerin a Sänger vu Konsdref oder aus de Gemenge rondrëm.