Change Edition

Velosdaag am Kanton Kliärref

Zu Kliärref konnten haut grouss an kleng zesummen mam Velo fueren. Et war déi 5. Editioun vum Velosdaag am Kanton. D’Streck vun Kliärref op Weiswampech war 11 km laang an dobäi konnt een wonnerschéin Landschaften bewonneren an en gudden Moment mat der Famill oder Frenn verbrengen. D’Sonn mat enger frescher Lëftchen huet perfekt dobäi gepasst. Fir z’iessen an ze drenken war natiirlech och gesuergt.

More news by Entente des sociétés de la Commune de Clervaux >