Change Edition

Funky Donkey Festival 2018

Mat der 5. Oplag vum Funkey Donkey Festival hunn och dëst Joer siechzéng national wéi och international jonk Musekbands de Publikum mat eege Kompositiounen begeeschtert. Den Optakt huet den <Clarindo> Orchester, een jugendleche Grupp vun Musekschüler aus der Clierfer Musekschoul, ënnert der Leedung vum Georges Glod präsentéiert. Bis wäit an d'Nuecht eran hunn déi verschidden Musekbands ofwiesselnd op zwou Bühnen um Parking virum Kulturzentrum zu Clierf d'Leit een variéierte Musekprogramm gebueden. Mat dobäi waren, <Los Dueños> , <The Yokel>, < La Fanfare Couche Tard>, <S.K.O.R.>, <Roast Apple>, <Fainschmitz>, < In The Atlas>, < All Reitz Reserved>, <Le Garage>, <Bye Bye Ray>, <Scavenger's Lunch>, <MAWYD>, < Ladies Fantasies Club>, <Mari>, an den DJ Blueprint.

Dëse Festival hunn d'Scouten St.Benoît vu Clierf organiséiert, woubäi een Deel vum Erléis un d'ONG: "Guiden a Scouten fir ENG Welt" zu engem spéideren Zäitpunkt gespend wärt ginn.