Change Edition

Amicale Natzweiler-Struthof-Rees op Natzweiler

D’Amicale Natzweiler-Struthof ass den 2. September op Natzweiler gefuer, fir do den Lëtzebuerger ze gedenken, déi virun méi wéi 75 Joer an dësem KZ – deem eenzegen op franséischem Territorium – joerelaang gelidden hunn, an leider och vill hiert Liewen hunn missen loossen.

Mir hoffen dat sou eppes nie méi wäert geschéien, an duerfir halen mir Erënnerung un déi donkelst Stonnen aus dem 20. Joerhonnert oprecht.

Och nächst Joer wäerten mir dohin fueren, an d’Amicale ass fir all interesséiert Leit op. Dir kënnt iech gären iwwert www.amicale-natzw.lu umellen oder och Informatiounen zu eisen villen verschidden Aktivitéiten ufroen.