Change Edition

READY SET GO!

READY SET GO!


Du wëlls dech eemol sou richteg auspoweren a mat aneren zesumme reegelméisseg Sport maachen? Dann bass du bei AutiSport genau richteg! Mir organiséiere 1 mol d‘Woch eis Sportsstonn „AutiSport“. Onofhängeg vum Alter an onofhängeg vun de sportleche Fäegkeeten, hei ass fir Jiddereen dat Richtegt dobäi!


D'Sportstonne fannen all Méindes owes, ofgesi vun de Schoulvakanzen, an der Sportshal um Briddel statt. D'Participante ginn an 3 verschidden Altersgruppen opgedeelt.


Fir all weider Informatioun zu denger Umeldung maach einfach e Mail un loisirs@fal.lu.


#FAL #ËMMERDO #AutiSport #luxembourg #sport #ready